Sensationell !! US Foulscht 3-2 AS Colmer-Bierg

Sensationell !! US Foulscht 3-2 AS Colmer-Bierg

E Sonndeg huet eis Eicht Equipe verdéngt dréi Punkten doheem géint Colmer geholl. No engem Sensationell Match, gewannen Eis Jongen 3-2, an esou e Schratt méi no am Barragematch. 

Seid 2 Joer Schreiwen Eis Jongen Geschicht zu Folscht. Nach ni an der Geschicht vum Folschter Veräin, huet den US Folscht et gepackt sech an der Zweeter Divisioun ze behaapten an sech méi wei 1 Punkt ze huelen. 

Seid den 3-Punkten System (Saison 1995-1996), huet d'US Folscht et Zwee mol an d'Zweet Divisioun gepackt an mat engem Punkt erëm ofgestigen.

Et ass eng onerklärlech Leeschtung, déi Eis Jongen dem Veräin géigeniwwer bréngen. Zwee Joer laang, wéinst Corona-Kriss an nach dobäi Eis Infrastrukturen déi vun der Gemeng Rammerech Renovéiert goufen, hunn Eis Spiller an Ganz Schlecht Konditiounen Trainéiert, an sech an Zwee verschidden Container missten Undoen an duschen an dat bei allem Wieder. Sie hunn Eis all Iwwerrascht, an trotz den Schlechten Konditiounen weiderhin Trainéiert.

Staff an Spiller hunn zwee Joer alles Méigleches ausgehalen, wou der vill schonn ob Gin hätten.

Egal wat geschitt, ass den Ganzen Kommitee Stolz op Eis Jongen, an wann Een eppes verdéngt huet dann Waren et SIE. Well ouni hinnen géifen mir haut net do Stoen wou mir elo stinn.

Et war ons och eng Éier den Sonden, Eisen néien Sponser virstellen ze kënnen. Mir soen dem NEW ENERGIE villmools Merci fir vertrauen an fir Iert d'Ënnerstëtzung. 

Den New Energie ass spezialiséiert Firma an der Branche vun Heizung an Sanitär. Sie Proposéieren eng large Gamme un Servicer, wei Ventilatioun, erneiert Energie, Entretien an Depannage an villes méi.

Den New Energie ass erreechbar zu : L-7333 STEINSEL, 60 Rue des Prés, Hall 6 ; Tel.: +352 27 99 18 30


We need your support as we move forward

Zesummen sin mir stark


Den Komitee